update 12.04.2016: nach 30 Platzen frai. D’IPA Sektioun Lëtzebuerg invitéiert op hiren „30. DANZ AN DE MEE“ Samschdes, den 30. Abrëll 2016 mam Orchester Sound Express an Steven Pitman (Elvis Tribute Artist). Um Menu: Apéritiv • Choucroute • e Stéck Taart • eng Taass Kaffi Als Umeldung zielt d’Iwwerweisung vun 40 Euro fir den IPA-Member an säin Partner, 45 Euro fir den Nët-IPA-Member op den CCPL IBAN LU44 1111 0320 2515 0000 vun der IPA-Sektioun Lëtzebuerg asbl. Umeldungen kënnen ugeholl ginn bis den 23. Abrëll 2016 oder bis d‘Kapaziteit vum Schëff erschöpft ass. All IPA-Member huet d’Recht, sech vun 4 Nët-IPA-Memberen begleeden ze loossen. Weider Renseignementer gin ët um Nummer +352 621 553 160 oder iwert Email op info@ipa.lu. |
Welcome >