Welcome‎ > ‎

Busdaagesrees op den Krëschtmaart 2019 zu Köln

veröffentlicht um 03.09.2019, 01:45 von Steve Kaiser   [ aktualisiert: 03.09.2019, 01:48 ]

D’IPA Sektioun Lëtzebuerg organiséiert Samschtes, den 30. November 2019 eng Busdaagesrees op de Krëschtmaart zu Köln (D).

Den Départ ass um 07.30 Auer moies um P&R um Houwald.

Zu Köln wärten mir dann geint 10.30 Auer ukommen.

Dir kënnt dann Zait vum Openthalt zur fräier Verfügung notzen.

Den Départ ass fir 17.00 Auer programméiert, esou dat mer geint 20.00 Auer erëm zu Lëtzebuerg wärte sinn.

De Präis fir den Dagesausflug beleeft sech op 25 Euro/Persoun. Den Umeldeschluss ass den 25. November 2019. Weiderhin stinn max. 45 Plaatzen am Bus zur Verfügung.

Als Umeldung gëllt d‘Iwerweisung vum volle Präis op den CCPL IBAN LU 44 1111 0320 2515 0000 vun der IPA Lëtzebuerg mam Vermierk ´Krëschtmaart 2019 + eng Telefonsnummer´.
Comments