WELCOME‎ > ‎

Busdaagesrees op den Krëschtmaart zu Riquewihr & Ribeauville

veröffentlicht um 05.10.2017, 04:02 von Steve KAISER   [ aktualisiert: 05.10.2017, 06:46 ]

D’IPA Sektioun Lëtzebuerg organiseiert Samstes, den 9. Dezember 2017 eng Busdaagesrees op den Krëschtmaart zu Riquewihr & Ribeauville am Alsace (F).

Den Départ ass um 07.00 Auer moies um P&R um Houwald. Zu Riquewihr wärten mer dann geint 10.40 Auer ukommen.

Duerno um 14.00 Auer ass d‘Déplacement op Ribeauville.

Jeweils kënnt der dann Zait vum Openthalt zur fräier Verfügung notzen.

Den Départ ass fir 16.15 Auer programméiert.

Um Retour ass nach een Owesiessen (Menu lorrain: Terrine de saison, Saucisson affiné et crudités, Jambon de notre fumoir, Pommes de terre rôties, Salade, Fromage tarte) an der Auberge de la Klauss zu Manderen virgesinn.

De Retour um Houwald ass geint 22.00 Auer.

De Präis fir den Dagesausflug an Iessen beleeft sech op 50 Euro/Persoun. Den Umeldeschluss ass den 1. Dezember 2017. Weiderhin stinn max. 45 Plaatzen am Bus zur Verfügung.

Als Umeldung gëllt d‘Iwerweisung vum volle Präis op den CCPL IBAN LU 44 1111 0320 2515 0000 vun der IPA Lëtzebuerg mam Vermierk ´Krëschtmaart 2017´. D´Rees ass ausschliesslech IPA-Memberen an hirem Partner oder Kanner virbehaalen.  

 

Ċ
Steve KAISER,
05.10.2017, 06:46
Comments