WELCOME‎ > ‎

Busdaagesrees op den Weihnachtsmarkt op Heidelberg

veröffentlicht um 21.08.2013, 04:30 von Steve KAISER   [ aktualisiert: 21.08.2013, 04:32 ]
D’IPA Sektioun Lëtzebuerg organiseiert Samstes, den 7. Dezember 2013 eng Busdaagesrees op den Weihnachtsmarkt op Heidelberg.
Den Départ ass um 06.30 Auer moies um P&R um Kierchbierg, zu Heidelberg wärten mer dann geint 10.00 Auer unkommen. Anschliessend kennt der dann Zait vum Openthalt zur freier Verfügung notzen. Den Départ op Lëtzebuerg ass erem fir 17.00 Auer vergesin.

De Praiss fir den Dagesausflug beleeft sech op 25 Euro/Persoun.
Kanner ≤ 12 Joer bezuelen 12.50 Euro.
Den Unmeldeschluss ass den 25. November 2013.

Et stinn max. 50 Plaatzen am Bus zur Verfügung.

Als Unmeldung gëllt d‘Iwwerweisung vum vollen Praiss op den CCPL LU 44 1111 0320 2515 0000 vun der IPA Lëtzebuerg mam Vermiirk ´Weihnachtsmarkt Heidelberg 2013´.
D´Rees ass ausschliesslech IPA-Memberen an hierem Partner oder Kanner virbehaalen.
Uspriechpartner fir des Rees: Fernand GRISIUS oder voyage-heidelberg@ipa.lu



Ċ
Steve KAISER,
21.08.2013, 04:30
Comments