D’IPA Sektioun Lëtzebuerg invitéiert op hiren traditionellen „DANZ AN DE MEE“ Dënstes, den 30. Abrëll 2013 Als Attractioun trieden d‘Orchesteren Sound Express an Dëppegéisser op. D’Aschëffung op der Princess Marie-Astrid ass vun 19.30 Auer un, um 20.00 Auer as den Départ um Quai zu Gréiwemaacher. D’Schëff leet ëm 01.00 Auer Nuets erëm zu Gréiwemaacher un. Um Menu: Apéritiv • Choucroute • e Stéck Taart • eng Taass Kaffi Als Umeldung zielt d’Iwwerweisung vun 40 Euro fir den IPA-Member, 45 Euro fir den Nët-IPA-Member op den CCPL IBAN LU44 1111 0320 2515 0000 vun der IPA Sektioun Lëtzebuerg asbl. Unmeldungen kennen ungeholl gin bis den 15. Abrell 2013 oder bis Kapaziteit vum Schëff erschöpft ass. All IPA-Member huet d’Recht, sech vun 2 Nët-IPA-Memberen begleeden ze loossen. Weider Renseignementer gin ët um 24470-620. |
Welcome >