WELCOME‎ > ‎

Danz an de Mee 2014

veröffentlicht um 21.01.2014, 07:12 von Steve KAISER   [ aktualisiert: 04.04.2014, 06:04 ]
D’IPA Sektioun Lëtzebuerg invitéiert op hiren traditionellen


„DANZ AN DE MEE“

Mëttwochs, den 30. Abrëll 2014

mam Orchester Sound Express.

D’Aschëffung op der Princesse Marie-Astrid ass vun 19.30 Auer un, um 20.00 Auer ass den Départ um Quai zu Gréiwemaacher. D’Schëff leet ëm 01.00 Auer Nuets erëm zu Gréiwemaacher un.

Um Menu: Apéritiv • Choucroute • e Stéck Taart • eng Taass Kaffi

Als Umeldung zielt d’Iwwerweisung vun 40 Euro fir den IPA-Member, 45 Euro fir den Nët-IPA-Member op den CCPL IBAN LU44 1111 0320 2515 0000 vun der IPA-Sektioun Lëtzebuerg asbl. Unmeldungen kennen ungeholl gin bis den 22. Abrell 2014 oder bis Kapaziteit vum Schëff erschöpft ass.

All IPA-Member huet d’Recht, sech vun 2 Nët-IPA-Memberen begleeden ze loossen.

Weider Renseignementer gin ët um Nummer 24470-620 oder iwert info@ipa.lu.
Ċ
Steve KAISER,
21.01.2014, 07:12
Comments