Welcome‎ > ‎

IPA NORD - Fëschen um Weweler-Weier

veröffentlicht um 28.06.2019, 05:24 von Steve Kaiser   [ aktualisiert: 10.07.2019, 22:41 ]

Sonndes, den 07.Juli 2019

Rendez-vous ab 08:00 Auer op der „Weweler-Mühle“ B-4790 Burg Reuland

Déi Leit déi net um Fëschen interesséiert sinn, kënnen och ee schéinen Trëppel- oder Vëlostour iwwert  “dʹOurdall-Promenade” maachen.

DʹIPA-NORD géif Mëttes während dem Fëschen oder der Mëttespaus ee gudde Maufel vum Grill spendéieren. Ewéi ëmmer ass fir genuch gesuergt.

Owes gi mir dann zesummen an de Restaurant vun der „Weweler Mühle“ eessen a verbréngen nach puer gemiddlech Stonnen. (dʹKäschten vum Nuechteessen gi net vun der IPA-NORD iwwerholl)

Wann dir deen Dag mat eis wëllt verbréngen da mellt Eech w.e.g. bis spéitstens den 30.06.2019 beim Miller Mike, mimiller@pt.lu / michel.miller@police.etat.lu un.

De Comité vun der IPA-NORD.

Christian Paul, Ehmann Ben, Maquil Misch, Miller Mike


Ċ
Steve Kaiser,
28.06.2019, 05:25
Comments