WELCOME‎ > ‎

Krëschtmaart op Düsseldorf

veröffentlicht um 20.05.2015, 06:23 von Steve KAISER   [ aktualisiert: 27.08.2015, 00:21 ]
D’IPA Sektioun Lëtzebuerg organiseiert Samstes, den 12. Dezember 2015 eng Busdaagesrees op den Krëschtmaart zu Düsseldorf.
Den Départ ass um 07.00 Auer moies um P&R um Kierchbierg. Zu Düsseldorf wärten mer dann geint 09.45 Auer ukommen. Anschliessend kënnt der dann Zait vum Openthalt zur fräier Verfügung notzen. Den Départ op Lëtzebuerg ass erëm fir 17.00 Auer virgesinn.
De Präis fir den Dagesausflug beleeft sech op 25 Euro/Persoun. Den Umeldeschluss ass den 1. Dezember 2015. Weiderhin stinn max. 50 Plaatzen am Bus zur Verfügung.
Als Umeldung gëllt d‘Iwerweisung vum volle Präis op den CCPL LU 44 1111 0320 2515 0000 vun der IPA Lëtzebuerg mam Vermierk ´Krëschtmaart 2015´. D´Rees ass ausschliesslech IPA-Memberen an hirem Partner oder Kanner virbehaalen.
Ċ
Steve KAISER,
20.05.2015, 06:23
Comments