Welcome‎ > ‎

Krëschtmaart zu Rüdesheim (D)

veröffentlicht um 19.11.2018, 07:13 von Steve Kaiser

D’IPA Sektioun Lëtzebuerg organiséiert Samschtes, de 15. Dezember 2018 eng Busdaagesrees op de Krëschtmaart zu Rüdesheim (D).

Den Départ ass um 07.30 Auer moies um P&R um Houwald.

Zu Rüdesheim wärten mir dann geint 11.00 Auer ukommen.

Dir kënnt dann Zait vum Openthalt zur fräier Verfügung notzen.

Den Départ ass fir 17.00 Auer programméiert, esou dat mer geint 20.30 Auer erëm zu Lëtzebuerg wärte sinn.

De Präis fir den Dagesausflug beleeft sech op 20 Euro/Persoun. Den Umeldeschluss ass den 1. Dezember 2018. Weiderhin stinn max. 45 Plaatzen am Bus zur Verfügung.

Als Umeldung gëllt d‘Iwerweisung vum volle Präis op den CCPL IBAN LU 44 1111 0320 2515 0000 vun der IPA Lëtzebuerg mam Vermierk ´Krëschtmaart 2018 + Telefonsnummer´.
Comments