Welcome‎ > ‎

Sondage fir Organisatioun vun enger Rees

veröffentlicht um 06.03.2019, 23:42 von Steve Kaiser   [ aktualisiert: 07.03.2019, 23:53 ]

DUBAI / ABU-DHABI an WELTAUSTELLUNG (EXPO 2020)

D'IPA Sektioun Lëtzebuerg plangt eng Rees op Dubai op Weltausstellung nächst Joer vum 8. Dezember 2020 bis den 16. Dezember 2020.

Dës Rees gëtt nëmmen organiséiert wann genuch Leit sech am Virfeld fir Rees mellen.  Ass de Kontingent vun 30 Leit erreecht dann geet d'Rees organiséiert.

D´Rees gëtt net vun engem Reesbüro mee vun der IPA selwer geplangt .

Et ass virgesinn 4 Deeg zu Dubai an engem Hotel an 4 Deeg zu Abu Dhabi an engem Hotel ze logéieren.

Wärend 2 Deeg  ass eng Visitt vun der Weltausstellung virgesinn. Och gi mir um Lëtzebuerger Pavillon empfaangen.

E Präis kann natierlech nach net festgesat ginn, awer et gëtt gekuckt dass Rees net iwwer 1800 Euro op de Kapp am Duebelzëmmer soll kaschten.

Visitten vun Dubai/Abu Dhabi, Dow Cruise  a Ferrari World fir Interessenten wäert organiséiert ginn. Fräizäit soll och net ze zu kuerz kommen.

Mat wat vir enger Fluchgesellschaft soll geflu ginn ass nach net bekannt.  Dat hänkt vun de Fluchzäiten an vun dem Präis of.

Sollts du interesséiert sinn, dann maach eng Email op den info@ipa.lu Dat hei ass just eng Informatioun a keng Confirmatioun vun der Rees.

 

Ären Nationalcomité.

Comments