WELCOME‎ > ‎

Vierdaagse vun Nijmegen

veröffentlicht um 21.08.2013, 04:25 von Steve KAISER
D’Equipe de Marche vun der Police huet dëst Joer traditionell vum 15.- 20 Juli mât 11 Marcheuren  un dé Vierdaagse vun Nijmegen deelgehol an virwechgeholl dierf gesôt sin, dass si alleguerten dés Erausfuederung bestann hun.  Iis Equipe huet zu Cuijk, ongeféier 15 km vun Nijmegen ewech an der Sportshall De Kwel vun der IPA logéiert an dât zesaummen mât 200 – 300 weideren Polizisten an Polizistinnen aus dénen veschiddenen Länner, ewéi Dänemark, England,  Norwegen, Schweden, Schwaiz, Daitschland an natirlech Holland. Hei konnten dann langjähreg Kontakter erëm obgefrëscht gin an dén Adrie Daniëls vun der IPA Nijmegen huet ons och wéi all Joer e Besuch ofgestatt.  Et ass dëst e Marche, wéi d’Wuert et schons seet, dén sech während 4 Deeg ronderëm Nijmegen ofspillt an wou 42000 Leit délhuelen. Dësen Marche huet an Holland en ganz groussen Stellenwert. 9 IPA-Kollegen an zwar dén Francis Lutgen, Marc Weis, Jean-Marie de Waha, Christian Spithoven, Yves Dostert,  Marco Mayer,  Claude Hoffmann, André Arendsdorff an Christian Godfroid haten sech wei gewinnt op déi 200 km Streck ageschriwen. Schons moies freih um 4.00 Auer huelen si all Daag déi 50 km Streck an Ugrëff an gin schons moies vun villen Schaulustigen an Museken bei hirem Effort ennnerstëtzt. An all Uertschaft, wou dé Marche passéiert, feieren Leit mat an ennerstetzen Marcheuren mât Musek an Gesank.  Bei herrlechem summerlechem Wierder woaren Kollegen vun der 50km Streck all Dag ëmmerhin +/- 10 Stonnen Ennerwee.  Zwee pensionéiert IPA-Kollgen dén Fernand Schüssler an ech hun dén Challenge vun der 120 km Strëck an Ugrëff gehôll. Fir dén Ravi woar dén Mike Daleiden an den Philippe Hein zoustänneg, wat si mat Bravour gemeeschtert hun. Dén lëschten Dag, onvergiesslech,  gin all Marcheuren vun Malden duerch Via Gladiola an Nijmegen eran. Elëng hei stin dausenden Zuschauer lanscht Strooss an sangen, klappen dén Marcheuren zou. Zum Ofschloss gin Marcheuren dann nach lanscht Eierentribünn, wou heich Policeoffizeier aus dénen verschidenen Länner Parade ofhuelen. Nijmegen, en Must fir all Frënd vum Marchéieren…………  natiirlech nët ouni Training. E groussen Merci un all Léit, déi eis Equipe logistesch ënnerstëtzt hun ,  un IPA Nijmegen fir hir formidabel Gastfrendschaft an un de Peter van de Laarschot aus dem De Kwel vun Cuijk an sengem ganzen Team.   

Fernand Dax pensionéierten IPA – Member

Comments