Den 18. an 19. September 2025 si mir zesumme mat Kolleegen & Kolleeginnen aus DÄITSCHLAND, der BELSCH & LËTZEBUERG op HEROLD (D), gefuer. Et war d‘ IPA „Motorrad –Saisonsofschlussfahrt“ organiséiert vun der IPA BITBURG-PRÜM. Rendez-vous war een Donneschdeg, den 18. September um 08:45 Auer bei der Policeinspektioun BITBURG. No engem kuerze Briefing ass et op den Tour gaangen. Vu BITBURG aus si mir duerch d’Vulkanäifel Richtung „Landkreis Rhein-Lahn“ gefuer. Zu HEROLD ass de „Gasthof Dörsbachhöhe“ ugesteiert ginn, do wou mir iwwernuecht hunn. Bei schéinem Wieder hu mir deen 2. Dag d’Heemrees duerch d’Wäibierger um Rhäin ugetrueden. Iwwert kleng a kniwweleg Niewestroossen si mir duerch d‘Dierfer an de Wäibierger, mat Bléck op Schlässer & Buergen, gefuer. Groussen Merci soe mir fir d’Organisatioun an Tourguide, de Kolleege WEBER Berni an DEVISCOUR Rolf vun der IPA „Verbindungsstelle BITBURG – PRÜM“. An der Fotosgalerie e puer Andréck vum Motorradstour.



























